Partager l'article ! Article paru sur le site de RTL.LU KULTUR - Elo op Lëtzebuergesch: De Kueder Igor: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/192761.h ...
http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/192761.html
RTL - 03.02.2012, 18:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.02.2012, 19:26
"Dem Kueder Igor seng Aventüren & d'Geheimnis vun de 7 Liewen" heescht dat éischt Buch vum Igor le Chat, wat de Lex Roth op Lëtzebuergesch iwwersat huet.
"Igor et le secret des 7 vies" ass den éiechte Roman vum Mara Montebrusco-Gaspari, enger lëtzebuergescher Schrëftstellerin. De Lex Roth huet zesumme mat der Schrëftstellerin elo dat éischt Buch
an d'lëtzebuergescht iwwersat. Am Buch geet et iwwert d'Sara an d'Katz Igor:
Just viru Chrëschtdag huet d’Sara, e ganz couragéiert Meedchen, den Igor kennegeléiert, e wierklech apaarte Kueder. Bis op d’Sara schéngt et, wéi wann soss keen hie géing gesinn…
D’Geheimnis vun de 7 Kaze-Liewen ass a Gefor. Eng Verréider-Kaz huet decidéiert, dem gréisste Feind vun der Kazen-Zort, engem wéischte Waasserrat, e gewësse Rator Zibeticus, dat Geheimnis
weiderzeginn.
D’Sara huet net laang gebraucht, fir sech vum Igor iwwerzeegen ze loossen, fir mat him iwwer allméiglech Weeër a laanscht Waasseren duerch d’Land op d’Sich ze goen. Do hunn iwwerall Gefore
gelauert, mä si sinn net eleng an deer Saach bliwwen ; hir Frënn si bäikomm, fir déi Missioun op e gutt Enn ze kréien.
Dëse Roman, deen sech an de mëttelalterleche Stied Lëtzebuerg an Iechternach ofspillt, hëlt iech mat an eng Geschicht, déi sech genësseg an engem Streech vu vir bis un d’Enn
liest…Kazen-Éierewuert!
**
2013/2014 an alle Kinoen och als Animatiounsfilm - LUXANIMATION -