Dimanche 5 février 2012 7 05 /02 /Fév /2012 10:37

 

http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/192761.html

 

RTL - 03.02.2012, 18:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.02.2012, 19:26

"Dem Kueder Igor seng Aventüren & d'Geheimnis vun de 7 Liewen" heescht dat éischt Buch vum Igor le Chat, wat de Lex Roth op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

"Igor et le secret des 7 vies" ass den éiechte Roman vum Mara Montebrusco-Gaspari, enger lëtzebuergescher Schrëftstellerin. De Lex Roth huet zesumme mat der Schrëftstellerin elo dat éischt Buch an d'lëtzebuergescht iwwersat. Am Buch geet et iwwert d'Sara an d'Katz Igor: 

Just viru Chrëschtdag huet d’Sara, e ganz couragéiert Meedchen, den Igor kennegeléiert, e wierklech apaarte Kueder. Bis op d’Sara schéngt et, wéi wann soss keen hie géing gesinn…

D’Geheimnis vun de 7 Kaze-Liewen ass a Gefor. Eng Verréider-Kaz huet decidéiert, dem gréisste Feind vun der Kazen-Zort, engem wéischte Waasserrat, e gewësse Rator Zibeticus, dat Geheimnis weiderzeginn.

D’Sara huet net laang gebraucht, fir sech vum Igor iwwerzeegen ze loossen, fir mat him iwwer allméiglech Weeër a laanscht Waasseren duerch d’Land op d’Sich ze goen. Do hunn iwwerall Gefore gelauert, mä si sinn net eleng an deer Saach bliwwen ; hir Frënn si bäikomm, fir déi Missioun op e gutt Enn ze kréien.

Dëse Roman, deen sech an de mëttelalterleche Stied Lëtzebuerg an Iechternach ofspillt, hëlt iech mat an eng Geschicht, déi sech genësseg an engem Streech vu vir bis un d’Enn liest…Kazen-Éierewuert!

**

2013/2014 an alle Kinoen och als Animatiounsfilm - LUXANIMATION - 

Par Igor-le-Chat - Publié dans : Articles de Presse Igor le Chat - Communauté : Littérature Jeunesse
Ecrire un commentaire - Voir les 0 commentaires
Retour à l'accueil

Présentation

Recommander

Recherche

Images Aléatoires

  • Rator Zybethicus
  • Article Haussy salon du Livre 2009
  • GOUV MC
  • Igor - Logo Overblog
  • Rator Zybethicus
Créer un blog gratuit sur over-blog.com - Contact - C.G.U. - Rémunération en droits d'auteur - Signaler un abus - Articles les plus commentés